Een Ergotherapeut

il y a 4 jours


MondorflesBains, Luxembourg elisabeth Temps plein

CPAK-2502

**Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben**:

- Déi Servicer déi am Beräich Ergotherapie ugebuede gi mat iwwerhuelen: Activité d’appui à l’indépendance (AAI) an Encadrement vu behënnerte Mënschen
- Beroden a begleede vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an Eenzel
- oder Gruppensituatiounen
- Schaffen op Basis vun Eegenevaluatioun an ob Basis vun Evaluatioune vun der Fleegeversécherung
- Berode vu Mataarbechter am Kader vun der Betreiung a vum individuelle Projet d’accompagnement socio-pédagogique vun der betreiter Persoun
- Schaffe mat den Theme vun Interaktioun a vu Beweegungsprozesser si vu Virdeel
- Interdisziplinär Zesummenaarbecht am Team
- Dokumentatioun
- D’Koordinatioun vun den Demarchen am Zesummenhang mat der Fleegeversécherung (Demande, Réévaluatioun, Kontakt mat der AEC an der CNS, asw.)
- Zesummenaarbecht mat de Famillen, Betreier(innen) an externen Acteuren
- Facturatioun mat der CNS (Fleegeversécherung a Gesondheetskeess)

**Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil**:

- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Ergotherapeut (m/w/d)
- Berufflech Erfarung am Beräich Fleeg a Betreiung vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Weiderbildungen am Beräich Handicap si vu Virdeel
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch
- Computerkenntnisser (z.B. MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet an Eegeverantwortung)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren

**Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen**:

- 30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours

Delai fr d’Kandidatur: 16.6.2025

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënschen mat enger Beanträchtegung ze begleeden an dozou bäizedroen, hiert Liewen selbstbestëmmt ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

**Contact**: Directeur adjoint Yolande:
Klaus Krebs
6, avenue Marie-Adélaïde
L-5635 MONDORF-LES-BAINS

Tel: +352 23 610-1