1-2 Infirmiers (M/F/n), Cdi 20- 40 St./woch Fir Eis

il y a 5 jours


Redange, Luxembourg Op der Schock Temps plein

Op der Schock, asbl stellt an:
**1-2 Infirmiers (M/F/n), CDI 20- 40 St./Woch fir eis Servicer**

Missioun:

- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag begleeden an ënnerstëtzen
- De medezinesche Suivi vun de betreiten Persounen an hierem Dossier assuréieren
- Medikamenter stellen a kontrolléiren
- Mat hëllefen, Konzepter am Gesondheets
- a Pflegeberäich auszeschaffen an d’Ëmsetzung um Terrain ze begleden
- Uspriechpartner sinn fir medezinesch Froe
- Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun de Beneficiaren eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren

Qualifikatioun a Kompetenzen:

- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, léisungsorentéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gudd Zäitgestioun
- Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert, )
- Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Liichtegkeet an der Aarbecht mat Logiciel’en
- Berufflech Erfahrung ass vu Virdeel

Konditiounen:

- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) virum un:
Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossierë gemaach



  • Redange, Luxembourg Op der Schock Temps plein

    Op der Schock, société coopérative stellt an: **1 Keramiker (M/F/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden** Missioun: - Leedung vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Beräich vun der Keramik - Zesumme mat hinnen am Keramikatelier flott Géigestänn aus Leem hierstellen, déi duerno an eisem Buttik...


  • Redange, Luxembourg Op der Schock asbl Temps plein

    **D’asbl Op der Schock stellt an**: **1 Recéptionniste (M/F/n), CDI 24St/Woch** Deng Missioun: - Telefonsuriff entgéinthuelen a geréieren - Visiteur’en empfänken a guidéieren - Aide-Sekretariatsaarbechten am Beräich vun de Ressources Humaines iwwerhuelen, wéi zum Beispill: Courrier/Attestatioune virbereeden a fortschécken, Dokumenter ascannen a...