Responsable-coordinateur Soins
il y a 2 semaines
D’**Fondatioun Kräizbierg**, œuvre d’utilité publique, sicht
fir hire **Foyer Brill** zu Diddeleng
een „**Responsable-Coordinateur Soins**” (m/w/x)
mat engem Infirmiersdiplom
20 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDI
**Äre Profil:
- Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Infirmier,
- Dir beherrscht d’lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch,
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech a sozial Kompetenzen,
- Dir hutt Erfarung an der Teamleedung an -begleedung,
- Dir hutt PC-Kenntnisser (Office 365 an Dokumentatioun),
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin.
**Mir bidden**:
- ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen) esouwéi eng Prime
- eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- iech eng professionell Weiderbildung