Emplois actuels liés à Support Commercial - Schuttrange - Foyer Agence Theisen & Associés


  • Schuttrange, Luxembourg Foyer Agence Theisen & Associés Temps plein

    D’Agence Theisen & Associés sicht en **Mataarbechter/in fir de Support Commercial (M/F) - 40h**: Mir sinn eng Agence d’assurances professionnelle vum Foyer, an der véierter Generatioun. Fir gutt organiséiert an d’Zukunft ze goen, an eisen Team ze vervollstännegen, sichen mir e neien Mataarbechter/in fir de Support Commercial fir eise Büro zu...


  • Schuttrange, Luxembourg Globality Health Temps plein

    In this position, your key responsibilities as a member of partner management team will be to develop, manage and steer the relationship with Globality’s service/cooperation partners and secure consistency and adherence to agreed performance targets, including the conducting business reviews and payment oversight._ As a proactive member of the Medical...

Support Commercial

il y a 2 semaines


Schuttrange, Luxembourg Foyer Agence Theisen & Associés Temps plein

**Mir sichen ee Support Commercial / Agent Administratif (M/F/) fir an eis Versécherungsagence „Agence Theisen et Associés SARL“ zu Schëtter**

**Präsentatioun vun der Agence**

D’Agence Theisen zu Aal Schëtter ass bei hire Client’e bekannt fir hiren exzellente Service an hier kompetent Berodung déi si op all Client individuell upasst. An dat schonn zanter iwwert 75 Joer. Hier jonk, dynamesch, a vun den Assurancë passionéierten Equipe sicht Ënnerstëtzung am Beräich Sales Support fir eise qualitative Service wieder ze garantéieren.

**Är Haaptresponsabilitéiten**:

- Den Accueil vun de Client‘e um Telefon an an der Agence
- Op Administrativ Demande vun de Client‘e änferten kënnen
- Schuedensdossieen opmaachen, suivéieren an d’Client’e an den Demarchen begleeden
- D’Commercialen ënnerstëtzen beim fixéieren vun Rendez-vous’er an präparéiere vun Dossieren
- Redigéieren an Ausstelle vun neie Kontrakter
- De Courrier maachen

**Eis Offer**:

- Ee Salaire deen un är Kompetenzen a Motivatioun ugepasst ass
- Ee Programm u Formatiounen deen op Iech an är Kompetenzen zougeschnidden ass
- Interessant Weiderentwécklungsméiglëchkeeten
- D’Méigleschkeet Deel vun enger jonker, dynamescher an experimentéierter Equipe ze ginn
- An weider Avantagen

**Äre Profil**:

- Dir hutt ee Schoulofschloss, Bachelor oder BTS am Beräich Commerce oder Sekretariat
- Dir hutt scho am Beräich Banken, Sekretariat oder Assurancë geschafft
- Dir maîtriséiert Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséich an Englesch, geschriwwen a geschwaat.
- Dir sidd organiséiert, responsabel an hutt ee Gespier fir de Service um Client
- Dir hutt schon een Agrement oder sidd prett fir den Agrement fir d’Assurancen ze maachen, deen eng néidësch Viraussetzung vum Beruff als Versécherungsagent ass.