Diploméiert Erzéier
il y a 5 jours
Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht diploméiert Erzéier (m/w/x) fir hir Wunnstruktur zu Déifferdeng fir CDI / CDD Deelzäit.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Verantwortungen
Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger liicht intellektueller Beanträchtegung.
"Must have" Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- De Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Lycée Ofschloss Beruffserfarung 0+ years
-
Diploméiert Erzéier
il y a 5 jours
Differdange, Luxembourg APEMH Temps pleinÄre Missiounen: Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger liicht intellektueller Beanträchtegung. [nbsp] Äre Profil: - Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn - Beruffserfarung hunn - Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller...