Emplois actuels liés à Educateur Diplômé - EschsurAlzette - arcus asbl


  • Esch-sur-Alzette, Luxembourg Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) Temps plein

    Description Avec une capacité de 642 lits, le CHEM est aujourd’hui non seulement le plus grand établissement hospitalier du Luxembourg, mais surtout un hôpital innovant aux valeurs humaines proche du citoyen. Ainsi, l’hôpital propose un plateau technique doté d’équipements de diagnostic et de traitement des plus performants ainsi qu’une équipe...

Educateur Diplômé

il y a 3 semaines


EschsurAlzette, Luxembourg arcus asbl Temps plein

Beschreiwung
arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

Am Kader vun eiser Zesummenaarbecht mam Lycée Guillaume Kroll a Lycée Bel-Val, erweidert de Centre Formida seng Offer ëm eng Wunnstruktur (Internat) fir Jugendlecher ab 12 Joer. Hei kënnen d'Schüler aus eise Partnerlycéeë wärend der Schoulzäit wunnen a ginn op hirem individuelle Bildungswee begleet.

Fir de Beräich Formida Wunnen siche mir e pedagogesche Mataarbechter een**:Educateur diplômé / Educateur gradué (m/w) - 28 - 35 Stonnen d'Woch / CDI**
- (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)_

**Responsabilitéiten**:

- Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer an hirem Alldag
- Entwécklung vu Bildungssettings, déi sech individuell un de Jugendlech hir Entwécklung upassen, esou dass si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen
- Uleedung zu engem kreative Bildungs-a Fraïzäitverhalen, wat nei Erfarungen erméiglecht a non-formal Léierprozesser ureegt
- Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher
- Matgestaltung vun eiser Grondhaltung "VumVerbrauchen zum Gebrauchen“ nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft

**Obligatoresch Ufuerderungen**:

- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom an verfügt iwwert Zousatzqualifikatioune déi fir deen Beräich interessant sinn
- Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen (C1)
- Dir sidd strukturéiert, organiséiert an kënnt gutt observéieren an dokumentéieren
- Dir sidd flexibel wat är Aarbechtszäiten uginn (Dages-an Nuetsschichten)
- Dir sidd kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

**Mir bidden**:

- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploméierten Éducateur (14e) Beruffserfarung 2+ years