Een Geléierten Elektriker

il y a 1 semaine


Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht _fir hir Atelieren zu Betten,_ ee geléierten Elektriker (w/m) fir een CDI an Vollzäit, fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Verantwortungen
Ënnerhalt vun den techneschen Installatiounen an de Gebaier an den Atelieren.

"Must have" Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:

- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- iwwert Beruffserfarung verfügen
- motivéiert sinn, fir polyvalent ze schaffen
- motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn

Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP) Beruffserfarung 0+ years



  • Luxembourg elisabeth Temps plein

    **Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben**: - Maintenance vun de Gebailechkeeten, den techneschen, elektreschen a sanitären Installatiounen - Divers deeglech Handwierksaarbechten a Reparaturen - Kleng Plënneraarbechten **Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil**: - Een CATP / DAP als Elekriker - Gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen...


  • Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Domaine agricole zu Betten, ee geléierten Bauer oder ee Mataarbechter mat Erfarung am Beräich Bauerenbetrieb fir een CDI 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech...


  • Luxembourg elisabeth Temps plein

    EKFH-2504 **Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben**: - Ënnerhalt vun de Gebailechkeeten, den techneschen, elektreschen a sanitären Installatiounen - Ënnerhalt vum Aussebräich a vun de Gréngflächen - Divers deeglech Handwierksaarbechten a Reparaturen - De Kontakt mat den Handwierksbetriber an de Fournisseuren - Liesen a Verstoën vun technesche...