Een Infirmier

Il y a 3 mois


Luxembourg Ste Elisabeth am Park Temps plein

Är Aufgaben
- Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Fleegeheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond
- a Behandlungsfleeg ( no den "Attributions
-Infimiers")
- Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
- Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg
- a Betreiungspläng
- Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
- Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d'Bewunner
- Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis

Äre Profil
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w)
- Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéiere

Mir bidden
- 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 18.04.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)