Een Pädagog

il y a 1 jour


Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir saïn nationalen Kompetenzzentrum fir accessibel Kommunikatioun Klaro, een Pädagog (w/m) fir d’Équipe ze verstäerken, dëst fir 20 Stonnen/Woch (CDI) - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Verantwortungen
Är Missiounen:

- Formatioun a Berodung zum Thema liicht Sprooch / accessibel Kommunikatioun
- Informatiounen op eng liicht verständlech Art a Weis opbereeden, vereinfachen a visualiséieren (Text, Bild, Video, Sprooch)
- Entwécklung vun Modeller an Redaktioun vun Texter an liichter Sprooch
- Zesummeschaffen mat Professionellen an Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Kontakt mat externen Klienten: Opträg unhuelen, Machbarkeet evaluéieren an den Suivi vum Projet bis zum Schluss koordinéieren
- Entwécklung an Ausschaffe vun Konzepter an Projet’en am Kader vun der Weiderentwécklung vum Service

"Must have" Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:

- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sin
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen, verantwortungsbewosst an zouverlässeg sinn
- gudd Computerkenntnisser hunn an sech mat neie Medien souwéi audio-visuelle Medien auskennen, oppen sinn fir nei Technologien an Medienfortschrëtt
- gudd redaktionnell Fäegkeeten hunn
- eegenverantwortlech, organiséiert a strukturéiert schaffe kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch gutt beherrschen
- gären an enger Équipe schaffen an Liichtegkeet am Zesummeschaffen mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung hunn
- Erfahrung am Projektmanagement hunn
- oppen sinn fir Neies an bereet sinn sech weiderzebilden
- den Führerschäin Klass B an een eegenen Auto hunn

Mir bidden
Mir bidden:

- Eng interessant an herausfuerdernd Aarbecht an enger dynamescher, multidisziplinärer Equipe
- Interessant Méiglechkeeten vun Fort
- an Weiderbildung
- Bezuelung no SAS Kollektivvertrag

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Bachelor Beruffserfarung 0+ years