Diploméiert Erzéier

il y a 2 semaines


Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren (CPP) zu Betten een diploméierten Erzéier (m/w), fir een CDI 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Verantwortungen
Begleedung an Ënnerstetzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Atelieren schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal.

"Must have" Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:

- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn

"Nice to have" Ufuerderungen
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Diploméierten Éducateur (14e) Beruffserfarung 0+ years



  • Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service SCAF Zentrum-Norden, fir en CDI 20-30 oder 40 Stonnen/Woch, diploméiert Erzéier, graduéiert Erzéier, Heilpädagogen, Therapeuten oder Sozialaarbechter. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert,...


  • Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein

    **D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht** fir seng nei Struktur(en) vir onbegleete mannerjäreg Flüchtlingen (MNA) am Süden vum Land, eng pluridisziplinär Equipe. (Referenz: 2152) Dofir siche mir Leit mat folgende Profiller am CDI fir 20 Stonnen/Woch: - **Diploméiert Erzéier (m/w/d)**: - **Auxiliaire de vie (m/w/d)** **Missioun**: - Eng sécher...

  • Diploméiert Erzéier.in

    il y a 2 semaines


    Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein

    **Diploméiert Erzéier.in - Ref: 3109** fir säi Centre Socio-thérapeutique zu Kautebaach am CDI fir 35 Stonnen/Woch. Déi sozio-therapeutesch Struktur huet als Missioun Kanner aus dem Enseignement Fondamental an hir Famillen a schwierege Situatiounen (situations de détresse scolaire) duerch ee ganzheetlecht Hëllefsugebuet ze begleeden an ze...