Ee Logopäd Oder Orthophonist

il y a 2 semaines


Berbourg, Luxembourg elisabeth Temps plein

**Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben**:
Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn:

- Prestéieren vun den “Activités d’accompagnement an activités d’appui à l’indépendance”
- Prestéieren vun Acten am Kader vun der palliative Fleeg
- Encadrement vun eelere Mënsche mat enger demenzieller Erkrankung an/oder physesch Aschränkungen
- Dir schafft mat un den Projets d’accompagnement indivduels
- “Bilan soutien” erstelle fir d’Bewunner
- Regelméissig Evaluatioun unhand vun Assessments
- Dokumentatioun
- Redaktioun vun internen an externe Rapporten
- Un der Gestaltung an der Ëmsetzung vum Gesamtkonzept vun der Institutioun matschaffen

**Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil**:

- Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Logopäd oder Orthophonist (m/w/d)
- Mindestens 3 Joer Beruffserfarung
- Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren

**Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen**:

- 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fällt ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
- Reconnaissance vum Diplom
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 18.04.2024

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

**Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner**: Haaptmann's Schlass Berbuerg
- Directeur:

- Yves MORBY
- 4 Brucherstrooss
- L-6831 Berbourg
- Tel: +352 71 08 31 - 1