Logistikbedreiwer

il y a 4 jours


Steinfort, Luxembourg Hôpital Intercommunal Steinfort Temps plein

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 227 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt:
E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

**Fir eis Ekipp vun der « Finances et comptabilité » ze verstärken, siche mir een**:
**LOGISTIKBEDREIWER (M/W)**:
**fir Deelzäitaarbecht (75%) op onbestëmmten Zäit (CDI)**:
[nbsp]

An Zesummenaarbecht mam Magasinier ass et Är Missioun zur Definitioun an zur Realisatioun vum Plan d’approvisionnement vum[nbsp] Spidol bäizedroen.

Är Missiounen:

- D'Gestioun vum Stock (Entrée, Suivi, Kontroll, relancéiere vun Bestellungen)
- D'Donnéeën, d'Informatiounen, d'Tableauen an d'Fichieren vun der Logistik à jour setzen
- Den Inventar erstellen
- Deen zur Verfügung gestallten Informatiounssystem notzen (SAP-EHP8)
- Den Informatiounssystem fir d ‘Gestioun vum Stock konfiguréieren
- Mise en place vun engem informatiséierte Stock[nbsp] [nbsp][nbsp]

Äre Profil:

- Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom mat Ofschloss BAC +2 an der Logistik oder all aner Domaine als gläichwäerteg ugesi gëtt
- Beruffserfahrung vun op d'mannst 3 Joer an enger ähnlecher Positioun
- Dir hutt exzellent Kenntnisser am Ëmgang mat de gängegen Informatiksprogrammer, esou wéi SAP an Excel
- Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch, all zousätzlech Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
- Dir kënnt autonom a selbstänneg schaffen, a kënnt en Inventar optimiséieren
- Dir hutt gutt analytesch Fäegkeeten, sidd zouverlässeg an Leet e grousse Wäert op Zesummenaarbecht

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gidd, muss e Casier judiciaire virgeluecht ginn.