Kreativen Educateur Oder Keramiker

il y a 3 semaines


Redange, Luxembourg Op der Schock Temps plein

Op der Schock, société coopérative stellt an:
**1 kreativen Educateur oder Keramiker (M/F/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden**

Missioun:

- Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Keramikatelier Cache-pot’en, Dekoartikelen, Schosselen asw. hierstellen
- Encadrement vum Grupp: - Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten, - Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Behënnerung anm Beräich Keramik an Dekoartikel - Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
- Accueil an Berodung vu Klient’en

Qualifikatioun a Kompetenzen:

- Educateurdiplom, erwënscht sinn hei: Notiounen an der Verarbeschtung vu Lehm, Loscht sech an den Keramikberaich ranzeschaffen, Erfahrung mat Mënschen mat intellektueller Behënnerung gëtt als Virdeel ugesinn ODER Keramiker mat excellenten Kentnisser an der Verarbeschtung vu Lehm an Loscht sech an d’Aarbescht mat Mënschen mat intellektueller Behënnerung eranzeschaffen
- Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Kreativitéit

Konditiounen:

- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

[nbsp]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.

Tel: 00352 26 62 18 81