Heilpedagogen / Pedagogen / Orthophonisten
Il y a 7 mois
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, well seng Offer ausbauen an eng méiglechst fréi Entwécklungsbegleedung vun Kanner mat spezifeschen Bedürfnisser an hiren Famillen ubidden, andeems en neien Service gegrënnt gouf, den sech un Kanner am Alter vun 0 bis 6 Joer riicht.
Fir dësen ambulanten Fréihförderservice Amané, gi Mataarbechter an Mataarbechterinnen gesicht, di Erfarung an Kompetenz hunn am Beräich vun der Entwëcklung an Entwëcklungsförderung an der fréier Kandheet an an der Berodung, Ënnerstëtzung an Guidance vum Familljenëmfeld (Heilpedagogen, Pedagogen, Orthophonisten, Psychomotoriker, Ergotherapeuten ) fir 20 oder 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit.
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
**Responsabilitéiten**:
Am Kader vun enger transdisziplinärer Equipe sinn är Haaptmissiounen:
- perséinlech Entwécklung vum Kand sécherstellen, förderen an stäerken, dëst am Kader vun sengem häuslechen Emfeld an an enker Zesummenarbecht matt den Elteren
- Kompetenzen vun der Famill festegen, stäerken an ausbauen
- sozial Inclusioun vum Kand an senger Famill ustoussen, förderen an verstäerken
Dementspriechend dréinen d'Aufgaben ronderem:
- Fréierkennung an - évaluatioun vun den Fäegkeeten an Kompetenzen souwéi den Schwieregkeeten an Beanträchtegungen vum Kand.
- gezielt Ureegung an Ënnerstëtzung vum Kand bei der Entfaltung vun sengem Potential an deenen verschiddenen Entwëcklungsberaicher, fir eng bestméiglech Entwëcklung ze garantéieren
- Nolauschteren, d'Begleeden an d'Ënnerstëtze vun den Familljen an dem noem Ëmfeld, fir Interaktiounen mam Kand ze optimiséieren
- Netzwierkarbecht: entwëckelen an sëcherstellen vun der Zesummenarbecht vun ënnerschiddlechen Professionellen, fir d'Begleedung an d‘Ennerstëtzung vum Kand an senger Famill duerch déi verschidden professionell Acteuren ze optimiséieren.
**Obligatoresch Ufuerderungen**:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn (Heilpedagoge, Pedagoge, Orthophonist, Psychomotoriker, Ergotherapeut,), souwéi enger Autorisation d’excercer fir d‘Gesondheetsberuffer
- Beruffserfarung hunn am Beräich vun der klenger Kandheet an der Familljenaarbecht
- fundéiert Kenntnisser am Beraich vun der kandlecher Entwëcklung an Kompetenzen an der Beobachtung an Analyse vun Entwëcklungsprozesser hunn,
- gudd kommunikativ Fähegkeeten mattbrengen, fir d’Interaktioun matt den Famillen an den Professionnellen ze assuréieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an d
- itsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B an en eegenen Auto hunn
**Mir bidden**:
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
-
Heilpedagogen / Pedagogen / Orthophonisten
Il y a 7 mois
Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, well seng Offer ausbauen an eng méiglechst fréi Entwécklungsbegleedung vun Kanner mat spezifeschen Bedürfnisser an hiren Famillen ubidden, andeems en neien Service gegrënnt gouf, den sech un Kanner am Alter vun 0 bis 6 Joer riicht. Fir...