Een Agent éducatif
Il y a 2 mois
**Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben**:
Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn: Responsabel vun engem Kannergrupp (Kanner am Alter vun 3 bis 12 Joer)
**Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil**:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier, Auxiliaire de vie oder Aide Socio-éducative (m/w/d)
- Berufflech Erfarung am Beräich Kannerbetreiung as vu Virdeel
- Weiderbildungen am Beräich Enfance et Jeunesse si vu Virdeel
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Wertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
- Flexibilitéit
- Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Kanner a Jonker ze engagéieren
**Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen**:
- 20 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag (maximum carrière C4)
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer (ggf)
- Casier judiciaire no 4 a 5
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
Delai fir d’Kandidatur: 28.11.2024
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
**Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner**: Maison Relais Conter
Chargée de direction:
Priska LINDEN
40 rue de Syren
L-5316 Contern
Tel: +352 26 78 69 - 566