Diploméiert Infirmieren
Il y a 7 mois
Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht, diploméierten Infirmier (Krankenpfleger) fir CDI 20 an 40 Stonnen /Woch
- fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
**Responsabilitéiten**:
Betreiung am Gesondheetsberäich vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
**Obligatoresch Ufuerderungen**:
D’Kandidate sollen:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn.
- Beruffserfarung hunn.
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
- Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen.
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.
- De Führerschäin Klass B hunn.
**Wënschenswäert Ufuerderungen**:
Beruffserfarung am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
**Mir bidden**:
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Bac +2 Beruffserfarung 0+ years