Een Educateur Gradué

il y a 2 jours


Bettembourg, Luxembourg elisabeth Temps plein

**Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben**:

- Deelhuelen un der Organisatioun vun den Aktivitéiten an engem sozialen Netzwierk an der Regioun, zesumme mat regionalen, awer och nationalen an internationalen Acteuren
- Sech abréngen an d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun engem uspriechende Programm mat kulturellen a sportlechen Aktivitéiten, Visitten, Ausflich, Virträg, Seminären,ennerstëtzen
- D’Basiskonzept unhand vun de Besoine a Wënsch vun der Zilpopulatioun mat weiderentwéckelen

**Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil**:

- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+3 am socio-éducative Beräich
- Kenntnisser an der Gerontologie a wéi een physesch a mental fit bléift, si vu Virdeel
- Freed um Organiséieren, Ëmsetzen a Begleede vun Aktivitéiten
- Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung
- No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
- Gutt Computerkenntnisser (MS-Office)
- De Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
- Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Kontaktfreedegkeet, Opgeschlossenheet a Sënn fir Humor
- Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
- Loscht sech mat a fir Mënschen z’engagéieren an dozou bäizedroen, datt d’Leit am Alter (50+) aktiv bleiwen, Neies entdecken, Freed hunn a gären um Liewe vun der Gesellschaft deelhuelen

**Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen**:

- Dës Plaz gesäit ee 10 St/W Aarbechtskontrakt vir
- De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäi Klass B
- Eischt Hëllefscours

Délai fir d’Kandidatur: 31.10.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënschen ze hëllefen an een oppent Ouer hutt, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

**Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner**: Direction Générale

Directeur Général Adjoint:
Laurent MERSCH
29 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg

Tel: +352 45 07 74 1



  • Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg, een Aide-Educateur remplaçant (w/m/x) fir CDI - 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert,...

  • Diploméierten Ezéier

    il y a 1 semaine


    Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Service technique am Parc Merveilleux zu Beetebuerg een diploméierten Erzéier fir ee CDI Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är...

  • Educateur Gradué

    il y a 11 heures


    Bettembourg, Luxembourg GovJobs Temps plein

    **Statut** : Employé de l'État **Qui recrute ?**: Direction de région BETTEMBOURG **Missions**: - Sous l’autorité du Directeur de région, travailler au sein de l’équipe de soutien pour enfants à besoins spécifiques et particuliers; qui se focalise sur un travail avec l’enfant scolarisé en école fondamentale sur le territoire de la...