Psycholog.in / Psychotherapeut.in - Service
il y a 4 jours
**Psycholog.in / Psychotherapeut.in - Referenz: 3607**
fir seng nei Struktur vum Service „Psy-Jeunes“ - psychologesch Hëllef an Psychotherapie fir Kanner, Jugendlecher an jonk Erwuessener vun 0 bis 21 Joer - am Kanton Lëtzebuerg fir 30 Stonnen/Woch (CDI).
Missioun:
- Psychologesch an psychotherapeutesch Begleedung an Ënnerstëtzung vun Kanner, Jugendlechen an jonken Erwuessenen mat ënnerschiddlechen Ausdréck vun Belaaschtung
Profil:
- Formatioun als Psychotherapeut mat Unerkennung zu Lëtzebuerg
- Formatioun an der Traumatherapie ass vun Virdeel
- Berufflech Erfarung an der therapeutescher Aarbecht mat Kanner, Jugendlecher an jonken Erwuessenen.
- Beherrschen vun den Landessproochen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
- Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten mat enger Bereetschaft Samschdes ze schaffen
- Liichtegkeet am Kontakt mat Jonken
- Teamfäegkeet an Verantwortungsbewosstsinn
Mir bidden:
- En Kontrakt am CCT SAS Kollektivvertrag
- Eng dynamesch Equipe an där Mënschlechkeet am Zentrum vum Alldag steet
- Intervisioun, Supervisioun an d‘Méiglechkeet sech weiderzebilden
Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5.
-
Psycholog.in - Service „riicht Eraus - Lotus“
il y a 4 semaines
Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein**D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz **sicht **Psycholog / Psychotherapeut (M/F/D) **Referenz: 4240** fir saïn Service „Riicht Eraus - LOTUS“ op Basis vun engem CDI mat 20 Stonnen/Woch De Service "LOTUS" huet d'Missioun, de Mannerjäregen tëscht 12-17 Joer ze sécheren, déi en ergräifend Verhalen hunn an ënner enger Zwangsmoossnam...