Een Kinesitherapeut

il y a 2 semaines


EschsurAlzette, Luxembourg APEMH Temps plein

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht,

**een Kinesitherapeut (w/m)**

**fir een CDI - 30 Stonnen/Woch**

[nbsp]

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer...).

[nbsp]

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

[nbsp]

**RESPONSABILITÉS**:
Den Kinesitherapeut ass responsabel fir d’Gestioun vun sengen Therapien an huet als Funktioun:
[nbsp]
- D’Fäegkeeten am Beräich Muskelen an Gelenker duerch eng individuell Betreiung vun all Persoun ze erhalen an déi negativ Entwécklung vun verschiddenen Pathologien ze begrenzen.
- D’Fäegkeeten vun all Persoun ze stimuléieren an ze ënnerstëtzen fir en Maximum un Autonomie ze erhalen.

[nbsp]

**ÄRE PROFIL**:

- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Déi lëtzebuergesch an franséisch Sprooch sin erwënscht
- De Führerschäin Klass B hunn

[nbsp]

**WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN**:
Erfahrungen am Beräich vum Polyhandicap sinn vun Virdeel.

[nbsp]

**MIR BIDDEN**:

- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

[nbsp]