Administrative Mataarbechter/Sekretär

il y a 3 semaines


MunshausenRambrouchCapellen, Luxembourg Fondation Autisme Luxembourg Temps plein

D'Fondation Autisme Luxembourg engagéiert fir seng Siten zu Capellen, Rammerech a Munzen een

administrative Mataarbechter/Sekretär (m/f/x), CDD remplacement, 20 St./W.

Är Aufgaben :

  • Administrativ Aarbechten, wéi d'Schreiwe vu Bréiwer, d'Festleeë vun Rendez-vousen, Telefonater, etc.
  • Administrativ Gestioun vum Courrier a vun den Dossieren

Äre Profil :

  • Diplôme de fin d'études secondaires techniques, régime technique, orientation secrétariat
  • Erfarung am Beräich vum Sekretariat ass vu Virdeel
  • Gutt Maîtrise vum Microsoft Office
  • Gutt Maîtrise vun den 3 Landessproochen : Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
  • Gutt redaktionnell Fähegkeeten, gudden Organisatiounssënn
  • Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, Dynamismus
  • Equipegeescht a Kooperatiounsfähegkeet
  • Führerschäin an Auto zur Verfügung

D'Kandidaturen, déi dësem Profil net entspriechen, kënnen net traitéiert ginn. Well de Matarbeschter (m/f) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir flexibel sidd.

Mir bidden :

  • Eng villsäiteg, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weiderentwéckelndem Kontext
  • Eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe

Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.

D'Bulletins 3 a 5 vum Casier judiciaire sinn der Kandidatur bäizefügen.

Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite : www.fal.lu, an der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren.


APCT1_LU



  • Capellen, Luxembourg Fondation Autisme Luxembourg Temps plein

    D’**Fondation Autisme Luxembourg** engagéiert fir seng Siten zu Capellen, Rammerech a Munzen een **administrative Mataarbechter/Sekretär (M/F/x), CDD remplacement, 40 St./W.** **Är Aufgaben**: - Administrativ Aarbeschten, wéi d’Schreiwe vu Bréiwer, d’Festleeë vun Rendez-vousen, Telefonater, etc. - Administrativ Gestioun vum Courrier a vun den...