Agent administratif

Trouvé dans: beBee S LU - il y a 1 mois


Itzig, Luxembourg ARCUS asbl Temps partiel
Agent administratif - Cellule administrative (Familljenhaiser)


arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Responsabilitéiten


Mir siche fir d'Familljenhaiser: Agent administratif (m/w) - 20-32 Stonnen/Woch CDI


  • Accueil téléphonique vu Clienten aus dem soziale Secteur a vu Mataarbechter
  • Gestioun vun Aarbechtspläng vu Mataarbechter
  • Gestioun vu Clientsdossieren
  • Encodage vu Prestatiounen/Fichë fir d’Facturatioun a Comptabilitéit
  • Redaktionell Aarbechten
  • Zesummenaarbecht a Kommunikatioun mat de verschidde Servicer vun de Familljenhaiser


Obligatoresch Ufuerderungen


  • Du hues een DAP als Agent administratif et commercial oder en equivalenten Diplom
  • Du hues mindestens 1 Joer Erfarung am administrative Beräich
  • Du hues e gudde Kontakt mam Client
  • Du kanns flexibel an autonom an enger klenger Equipe schaffen
  • Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet
  • Du hues ganz gutt Kenntnisser am "MS Office"
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen
  • Du bass bereed Moies um 7.00 Auer un ze fänken mat schaffen an du hues gréissten Deel an den Schoulvakanzen fräi


Mir bidden

  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag (Carrière C3)
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)