ee Pedagogesche Beroder

Il y a 4 mois


BettangesurMess, Luxembourg APEMH Temps plein

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir direkt oder no Ofsprooch fir de Centre de Ressources pédagogiques et formatives en matière d’inclusion INCLUSO, ee pedagogesche Beroder fir een CDI Vollzäit oder Deelzäit (Bachelor-Carrière C6, Master-Carrière C7)


Mir géingen eis freeë fir an eist Team dierfe wëllkomm ze heeschen: Eng Persoun déi Loscht an Interesse huet am Beräich vun der pedagogesche Berodung a Weiderbildung vu professionellen Teams/ Erwuessenen ze schaffen.  


Responsabilitéiten :   

·        Beroden, Begleeden an Ënnerstëtze vu Services d’éducation et d’accueil SEA (Maison Relais, Crèche, Foyer de jour) bezüglech der pedagogescher Ëmsetzung vun Inklusioun am Alldag. 

·        Entwécklung, Ausschaffen an Duerchféierung vun innovative Modeller vu Berodung an Ënnerstëtzung (Workshops, Sensibilisatiounen, Formatiounen, Plateformes d’échanges,….) fir déi pedagogesch Equippen.  

·        Entwécklung an Ausschaffe vun innovativen a praxisorientéierte Ressourcen/Medie fir d’Equippen.  


Ufuerderungen:   

·        Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannte Bachelor oder Master-Diplom sinn (z.B. Pedagog, Heelpedagog, Ergotherapeut, Psychomotoriker, Educateur gradué, Psychologe, Bildungswissenschaftler,.....) 

·        Iwwert unerkannte Fäegkeeten an Techniken an der Gesprächsführung, Kommunikatioun a Berodung verfügen. 

·        Kompetenzen an der Erwuessenebildung hunn.  

·        Fäeg si viru Publikum ze schwätzen a Gruppen ze animéieren. 

·        Pertinent Rapporte schreiwe kennen. 

·        Seng Aarbecht gewëssenhaft an eegenverantwortlech organiséiere kënnen, am Respekt vun de Wäerter an de Missioune vum INCLUSO an der APEMH.   

·        Iwwert Motivatioun, Eegeninitiativ, Kreativitéit, Kritikfäegkeet, Humor an Equippegeescht verfügen. 

·        Intresséiert dru sinn, selwer Neies ze leieren an auszeprobéieren.  

·        Déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch beherrschen.    

·        Déi gängeg informatesch Programmer (Word, Outlook, PP, Excel) beherrschen.   

·        De Führerschäi Klass B hunn.  


  Vun Virdeel wier:  

·        Erfarungen am Beräich vun der Inklusioun an der non-formaler Bildung.  

·        Erfarungen am Beräich vun der Kreatioun vun digitale pedagogesche Materialien.  


 Mir bidden:   

·        attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen 

·        Méiglechkeet sech an engem dynameschen a kreativen Aarbechtsemfëld an ze bréngen an den INCLUSO mat weider ze entwéckelen.